|
Um Enn vum 19.
Jorhonnert woren d'Gare vun der Stad Lëtzebuerg an d'Händschefabrik
positiv Facteuren fir den Opschwonk vun eiser Uertschaft, an deemno och
fir eist Veräins- a Musekswiesen. Iwwerdeems déi meescht Museken aus der
Stad an der Mëtt vum 19. Jorhonnert gegrënnt goufen, haten zu Bouneweg
eréischt am Summer 1898, dräi passionnéiert Museker d'Iddi fir dann och
endlech zu Bouneweg eng Musek oder méi genee eng Fanfare, op
d'Been ze setzen. Dës wichteg Leit woren de Franz Birnbaum, de spéidere
President; den Theo Goerens, sengersäits Caissier an de Jacques Huberty
als einfache Member.
Matt enger gudder Iddi an leider zimlech wéineg Souen an der
Täsch, hunn se dann net déi schwiereg Aarbecht gescheit, fir vun Haus zu
Haus ze goen an sech Symphathisanten an déi zur Grënnung néideg
finanziell Mëttelen ze besuergen.
Als offiziellen Datum vun der Grënnung vun eiser Musek gëtt den 5. Oktober 1898 genannt.
Deemools huet se schons 17 activ Memberen gezielt, wouvun déi meescht an der deemooleger Merciers
Schampesfabrik bei Bouneweg geschafft hunn.Vill vun hinnen
waren och Member vun der Harmonie "Champagne Mercier", der Wierksmusek vun deene
Kellereien déi vis-à-vis vun der Eisenbunnsstatioun op der Gare zu Lëtzebuerg
stoungen, do wou haut d'Verwaltungsgebaier vun der Post sinn. Do hunn sie deemools hir Solfège's Couren an d'Museksprouwen
ofgehalen.
Di éischt Foto vun der Fanfare am Joer 1903
Fir dat Ganzt dann och offiziell ze maachen, goufen
dunn den 10. Januar 1899 déi éischt Statuten opgesat, déi schon deemools aus 48
Artikelen bestanen hunn, a vun dem Moment un gëlt eis Musek dann offiziell als
"Fanfare de Bonnevoie". Dës Grënnungsversammlung ass schons am heitegen
Musekssall op Nummer 29-33 an der Pierre Krier-Stroos, déi fréier Itzeger
Stross, ofgehale gin. Deemools wor dat eng Schoul.
Hiren éischte Concert huet d'Fanfare de 5.Februar 1899 um 20
Auer, an engem bis op déi lescht Plaz ausverkaafte Bistro "Lakaff-Hentges"
(uewen an der "Rue de Bonnevoie", riets zur Gare hin) ginn. D'Fanfare wosst hir
Leit ze begeeschteren, wei dat verschidden Lokalneiegkeeten beleen. Eng Zeitung
schreiwt:"Wir beglückwünschen den Verein, welcher über vorzügliche Kräfte
verfügt und hoffen, dass die Gesellschaft uns binnen kurzem, einen ähnlichen
Kunstgenuss bereiten wird."
Den 20. August 1899 krut d'Fanfare hiren éischte Fändel (vum
Atelier Klees-Scheer hirgestallt) an huet dëst och mat engem Cortège, deen
duerch verschidden Deeler vum deemolege Bouneweg gefouert huet, gefeiert. Un
dëse Feierlechkeeten haaten och net manner wéi 12 aner Veräiner deelgeholl.
Vun Ufank un huet d'Fanfare
en heigen Niveau ugestriewt a wollt dësen
och halen, an esou huet si sech dann och schons dat
selwecht Joer engem nationale Concours zu Iechternach
gestallt.
De Proufsall vun der Fanfare
No an no goufen dunn dann och déi éischt Reesen an d'Ausland geplangt.
Dat éischt wichtegt Evénement fir d'Entwécklung
vun der Fanfare war d'Bedelegung un engem internationale Concours zu
Epernay den 22. September 1926. Do krut si dann d'gëlle Medaille an e
Präis vun der Stad Epernay als beschte
Participant an der "Divisioun d'honneur".
1931 huet d'Fanfare sech wertvoll Uniformen zougeluecht a wor esou déi éischt
Musek an der Gemeng Lëtzebuerg, déi hiert eegent
Aarbechtsgezei hat. D'Kap an d'Box huet
all Museker selwer misse bezuelen an et wor net selen datt verschidde
Musikanten hir komplett Uniform hu misse bezuelen. Am Juni vum selwechte Joer
ass d'Musek mam Zuch bis op Paraïs-Billancourt gefuer fir do un engem
internationale Concours deelzehuelen. Als Resultat vun hirem Exploit kruten se
dann och 2 éischt Präisser mat Auszeechnung a sinn eng Divisioun méi héich
geklommen.
D'Fanfare krut hiren zweete Fëndel am Joer 1936. Vun do un dréit si den offiziellen
Titel "Fanfare Municipale Luxembourg-Bonnevoie".
Am November 1956 gouf eng Clique (Percussioun's
Formatioun 3D) gegrënnt, an do wor si och déi éischt hei am Land. Der Musek
hir fantastesch Resultater op diverse Marschconcouren ginn
zum gréissten Deel och op d'Schaffen vun dëser Clique zeréck. Am
Hierscht 1957 huet den Här Jean Nicolas Henx, den deemolege
Dirigent, eng Musek fir Kanner an d'Liewen
geruff. Dës "Kleng Musek" wéi
se nach haut genannt gëtt, wor déi éischt
vun dësem Genre hei zu Lëtzebuerg. Spéider waert si
sech als "Fanfare Prince Henri" en Numm maachen, an hire Succès
den si am Grand-Duché hat, huet dozou bäigedroen, datt sech dunn
eng Rei aner Museken beschloss hunn, och esou eng "Kleng Musek" an
d'Liewen ze ruffen. Mat dëser Iddi konnt d'Veräinsliewen an den Museken
mat jonken Talenter beräichert ginn, an de Fortbestand vun de Museken an
der Zukunft gesechert ginn.
An den 60er Joeren huet d'Bouneweger Musek
sech op verschiddenen internationale Concouren
présentéiert, wou si all
keier iwwerduerchschnëttlech
Resultater réaliséiert huet. Zu Lëtzebuerg
gouf si zur beschter Fanfare vum Land gekürt.
Als besonnescht Evénement wëlle mer awer eisen Optrett 1962 um
internationale Concours vun Kerkrade nennen. Dës all 4 Joer organiséiert
Weltmeeschterschaft fir Amateurs-Bloosmuseken ass an der ganzer Welt
wéinst hiren schwéiere Conditiounen an der super-starker Konkurrenz
berüchtegt. Naiv, wéi d'Musek deemols wor, huet si sech fir dëse
Concours ugemellt, a wor dunn och zimmlech iwwerrascht wéi si dunn hir
Concoursstecker bis op Bouneweg geschéckt krut. Sie sollt nämlech an der
"Eerste Divise", der héchster Divisioun, haut "Concert Divise" genannt,
géint esou bekannten Orchesteren wéi der "Harmonie St. Michael
Heugem-Maastricht", der "Koninklijke Utrechtse PTT-Fanfare", dem "Israel
Gadna Youth Orchestra", der "University of Mississippi Concert Band",
der "National Band of New Zealand" an der "Koninklijke Harmonie Thorn"
untrieden. D'Fanfare hat sech natiirlech och direkt fir de
Marschconcours ugemellt, de mat enger ähnlech héichkaräteger Konkurrenz
besat wor.
Trotz desen schwéieren Bedingungen, huet d'Fanfare et awer färdeg
bruecht en 3te Präis um normale Concours an en 2te Präis um
Marchconcours mat heem ze bréngen. A bis elo ass si déi eenzeg Musek zu
Lëtzebuerg, déi esou en Exploit färdegbruecht huet!
D'Fanfare um Concours zu Kerkrade 1962
Loosse mer nach festhalen, dass vun 1956 bos 1977,
d'Bouneweger Musek ënnert der Direktioun vum Nicolas Henx un 13 in- an auslännesche
Concouren mat der "Grousser" Musek deelgeholl huet, an u 5 Concouren mat
der "Klenger" Musek.
Der Fanfare hir intern Musekschoul
gouf 1966 vum Här Jean Nicolas Henx
gegrënnt. Bis haut schafft si matt groussem Succès an
huet schon e puer honnert Schüler ënnerriicht, déi hir Couren zum
gréissten Deel vu Musekannten an Dirigenten vun der Fanfare ofgehaale
kruten.
Haut gëtt d'Fanfare vum Här Claude Weber dirigéiert. Deen
huet si schons zu wonnerbare Resultater geféiert, wéi zum Beispill um leschte nationale Concours zu
Mondorf, wou d'Musek zwee "Grands Premiers Prix avec distinction" heem bruecht huet.
Sonndes, den 08. Juni 2003 huet d’Bouneweger Musek um « Festival der Blasmusik », Grosser Preis von
Aschaffenburg, deelgeholl an dat an der Höchststufe. Bei där Geléenheet ass dem Marco Pütz säi Stéck "Initiales",
mam Komponist selwer um Pult, ganz gudd ukomm. De Jury huet 93, vun méiglechen 100 Punkten ausgedeelt mat
der Mentioun : "mit hervorragendem Erfolg". Als Konsequenz oder besser als Belounung dofir gouf
d’Bouneweger Musek op Schladming (an Eisterräich) op de perséinlech vum Professer Mösenbichler
invitéiert.
Wat am Joer 2003 geplangt gouf, ass 2004 ausgeféiert ginn an zwar den 17. an 18. Juli 2004 zu Schladming um
« Mid EUROPE/Schladming ». Dëse Festival bidd héichwerteg konzertant an ënnerhuelsam Blosmusek un.
Die stilistesch Villfalt vun den ugebuedenen Programmen ass enorm grouss an ofwiesslungsräich.
E Concert vun der Fanfare am Zentrum vu Schladming
Fir dës Geléenheet huet de Marco Pütz e speziellt Wierk geschafen fir en Euphoniumsolo, wat vum engleschen
Meeschter, dem Steven Mead, bei dem Festival uropgeféiert gouf. Dëst Wierk, wat den Titel « Concertino for
Euphonium and Band » dréit, besteet aus engem Saz, deen mat engem rasanten Tempo ufänkt, duerno e luest Mëttelstéck,
aus deem eng Cadenz erviergeet wat an e séieren Schluss iwwerleet. D’Soloeinlagen, vum Steaven Mead, meeschterhaft
virgedroen, hun dësem Wierk en aussergewéinlechen Charakter verschafen. Iwwer 1000 Nolauschterer hun mat iwwerzeegendem
Applaus dem Komponist, dem Dirigent, Claude Weber an der ganzer Musek op eng bravourös Manéier Merci gesot.
Den 15.Juli 2005 huet d'Fanfare an der 1. Divisioun op der Weltmeeschterschaft fir Blosmusek en 1. Präis mat Goldmedaille
heem bruecht. Dëst ass e weideren Beweis op wat fir engem qualitativ héigen Niveau d'Fanfare spillt.
|