EN ¦ LU ¦ FR ]

Fanfare Prince Henri 

1957-2007

Ennert dem Dirigent,den Här Jean Nicolas Henx, gouf am Hiescht 1957 eng Musek fir Kanner an d'Liewen geruff. Dës "Kleng Musek" wéi se nach haut genannt gëtt, wor déi éischt vun dësem Genre hei zu Lëtzebuerg. Spéider huet si sech als "Fanfare Prince Henri" en Numm gemeet, an hire Succès dee si am Grand-Duché hat, huet dozou bäigedroen, datt sech dunn eng Rei aner Museken beschloss hunn, och esou eng "Kleng Musek" an d'Liewen ze ruffen. Mat dëser Iddi konnt d'Veräinsliewen an den Museken mat jonken Talenter beräichert ginn, an de Fortbestand vun de Museken an der Zukunft gesechert ginn.

Artikel iwwert d'Concertsreesen vun der Fanfare Prince Henri, vum Nico Eich


D'Fanfare Prince Henri spillt um Euro Festival 2010