EN ¦ LU ¦ FR ]

fmlb.lu Service 

50 Joër Fanfare Prince Henri

1957-2007

Concertsreesen vun der Fanfare Prince Henri

vum Nico Eich, Dirigent vun der Fanfare Prince Henri vu 1989 bis 1997

Wat fir di Grouss gutt ass, ka fir di Kleng net schlecht sinn. Mat där Iwerleeung huet de Comité beschloss, och eis Jugendmusek an d'AusIand ze schécken, fir do hirt Können ze beweisen an nei Erfahrungen ze sammelen. Duerch verschidde privat Kontakter hu sech d'Museke vu Walfer, Schëtter, Betebuerg a Bouneweg zu enger Aart «Joint Venture» zesummegeschloss, fir hire Jugendlechen eppes ze bidden. 1990 war hir éischt Sortie ënnert dem Numm «Harmonie Jong Lëtzebuerg» an Holland.

105 jong Musikanten, Betreier, Dirigenten, Präsidenten hu sech mat Bus a Camionnette op de Wee no Amerongen gemaach. An engem schéine Chalet mat engem granzege Verwalter hu mir eng flott Woch erlieft. Am Geigesaz zu eise grousse Kollegen hu mir am Ausland nach ëmmer regelméisseg geprouft: dat ganzt huet och duerfir «Stage Musical» geheescht.

Concerten zu Doorn, Amerongen, Zaanse Schans an Antwerpen stoungen um Programm. Mir hun den Delta Expo, den Madurodam, den Hafen vu Rotterdam an den Zoo zu Antwerpen besicht, Eng Grachtenrundfahrt zu Amsterdam huet eis gutt Andréck hannerlooss. 36 Koppelen hu sech an där Woch gebild, eng huet bis haut gehal, all di aner waren scho kuerz no eisem Retour aus Holland schon erëm «out», Doheem als Ofschloss hu mir op der Place d'Armes e Concert gespillt, dee bei de Leit immens gutt ukomm ass.

Well des Equipe sou gutt zesumme gepasst huet, hu mir e Joer duerno op eng Annonce an enger Musekszeitung reagéiert an eis fir de "Festival Mondial pour Orchestre des Jeunes", engem internationale Concours zu Zürich ugemellt. Mir goufen och ugeholl, an du sinn d'Preparatiounen lass gaang. Präsident vun eisem Organisatiounscomité war den RTL-Wiederfräsch Max Kuborn. Zu dräi si mir dës Rees virberede gaang. Dat war nët ganz liicht: mir hu fir d'éischt missen de berüchtegte Sessellift inspizéieren. Fir "Flachländer", wéi d'Schwäizer eis heiansdo nennen, ass et nämlech net evident, mat Kanner a Jugendlechen all Dag musse Sessellift ze fueren, fir an eise Chalet ze kommen. Duerno hu mir missen Concerten an Iessen organiséiren; mat der Hëllef vun enger ganz léiwer Damm aus eisem Hotel hu mir dat gutt iwert d’Ronne bruecht. Datt si souguer e Colonel vun der Schwäizer Arméi beméit huet, fir eis ze hëllefen, ass jo awer och dat mannst, wat ee verlaange kann.

Am Juli 1992 si mir dann zu 135(!!!) a Richtung Elm gefuer. Et huet méi wi eng hallef Stonn gedauert, éier di ganz Grupp um Sessellift souz; a wéi de ganzen Trapp uewen op der Alm ukomm ass, du huet dat eis un d’Invasioun an der Normandie erënnert. Et war flott, mä net einfach. Och d’Awunner vun Elm a vu Glarus haten et net liicht déi Deeg; et koum mol viir, datt an hirem „Cactus keng Mëllech méi ze kréie war, wann d’Ricky Goslings, eis Caissière, akafe gaang ass. Den Héichpunkt vu eisen Aktivitéiten an der Schwäiz war awer ganz secher de Concours zu Zürich, wou mir gutt mat enger 4. Plaz ofgeschnidden hunn. Datt mir spontan an e langweilegen Moreau imposé en Text agebaut hunn, huet d’Jury zwar erstaunt, mä et huet eis keng Punkten kascht. Zu Luzern hate mir e weidere Concert virun honnerte vu Leit; mir waren an den Alpamare, eng rieseg Schwämm mat Rutschen an aneren Attraktiounen. Eng weider schéin mä ustrengend Sortie war d’Biergwanderung mat engem Schwäizer Guide. Uewen ukomm, hate mir eng herrlech Vue iwert d’Schwäizer Biergwelt. Fir verschiddener war dat och d’Geleënheet fir e freiwëllegt oder onfreiwëllegt Bad an engem Gletschersee.

Och dës Kéier hu mir doheem op der Place d’Armes en Ofschlossconcert gespillt. Den Alain Biver hat d’Charge, fir méi wi 100 Musikanten op de Kiosk vun der Plëss ze setzen. Hien huet dat Konschtstéck fäärdeg brecht, mä si souzen do wéi d’Hierken an der Tonn.

135 Leit, dovun 110 Musikanten, dat ass einfach zevill eng grouss Grupp. Zwee Joer no eisem Trip op Elm hu mir eis vun eise Frënn vu Schëtter a Betebuerg getrennt an hun eng Rees op de Bodensee (1994) virgesinn. Et koumen e puer Jonker vun Uesweiler a Berburg dobäi, mä d’Grupp hat nëmmen nach knapp 70 Leit. Och dësen Ausflug war en totalen Erfolleg. Mir hu Concert gespillt zu Konstanz, zu Lindau an op der Insel Mainau. Zu Meersburg wor grad zu deem Moment e kräftegt Donnerwieder, dofir ass de Concert an d’Waasser gefall an dat eenzegt, wat bliwen ass, war e gudde Patt ze huelen. Mä och dat gehéiert zu engem Stage. Och während dëser Rees hu mir Tourismus gemaach; eng Biergwanderung zu Bregenz um Pfänder, Visiten an de Friedrichshafener Museën („Schulmuseum“ an „Zeppelinmuseum“) a virum allem eng immens Plage zu Konstanz hunn dëse Stage zu enger onvergiesslecher Vakanz gemaach. A wéi ëmmer: en Ofschlossconcert doheem, dës Kéier awer zu Iechternach um Dënzelt.

De leschte Stage Musical an dëser Form a mat dëse Partner war 1996 am Elsass. Et goung scho moies fréi lass, wou mir op St.Louis de “ Plan incliné” kucke goungen. Wieder goung et mam Bus op Benwihr, no bei Riquewihr a Kaysersberg. Mir haten och dës Kéier interessant Aktivitéiten: Concert zu Benwihr, Ribeauvillé, Gerardmer a Riquewihr, Ausflig op Mulhouse („Mc Donald’s“ a „Musée de l’automobile“), Haut-Koenigsbourg, Montagne des Aigles, Schwammen am Lac de Longemer, eng Promenade duerch d’Wéngerten, Visite vun enger Kellerie an eng Sound-and-Light-Show zu Riquewihr. Dat Gesellegt, Spiller a lëschteg Owender, koum natiirlech och net ze kuerz.

Et sinn op all dëse Reesen natiirlech vill Spiichte geschitt, déi ech net all opziele kann an déi ech och net all weess. Mä dat ass jo dat Schéint un der Saach; een, deen dës Reese matgemaach huet, gët vläicht beim Liese vun dësen Zeilen u munches erënnert. Et schéngt mir awer och wichteg ze sin, all deenen Erwuessenen, déi gehollef hunn, dës Reesen ze organiséiren an duerchzeféieren, Merci ze soen, sief et Cominnettechauffeuren, Kachéquipen, Moniteuren, Infirmièren, Präsidenten, Caissièren oder Sekretären. Nëmme wann di Erwuessen hëllefen, kann eppes fir d’Jugend gemaach ginn.

Datt 1998 keng Auslandsreess fir d’Fanfare Prince Henri op dem Programm stoung, dat huet haaptsächlech mat de Feierlechkeeten vum 100. Gebuertsdag vun der Bouneweger Musek a mam 40. Gebuertsdag vun der FPH, an do besonnesch mat dem Musical GEORGIA ze dinn. Fir d’Joer 2000 hunn di Responsabel vun der Musek awer schon nees Initiative an där Richtung geholl. Esou war d’Fanfare Prince Henri op en Austauschconcert mat der Jugendmusek vun der Fanfare America an Holland. Doniewt as eng Rees op Neukieritsch a Berlin geplangt. Dass dëst de richtege Wee ass, beweisen net nëmmen d’Erfolleger vun all dëse Reesen mä och déi exzellent Situatioun, an där sech d’Fanfare Prince Henri de Moment befënnt.

Extrait aus "100 Joer Fanfare Municipale Luxembourg-Bonnevoie, 40 Joer Fanfare Prince Henri, D'Gëlle Buch vun der Bouneweger Musek", Säit 90-94

Zeréck