EN ¦ LU ¦ FR ]

Memberen - Direktioun 

Claude Weber

     Ugefangen huet de Claude Weber seng Studien am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg, wou hien deemools als Haaptfach Saxophon geléiert huet. Seng Niewenfächer woren ënnert anerem Musique de Chambre, Solfège, Museksgeschicht, Harmonie, Percussion a Piano.

     Mat engem "Prix de Capacité" um Saxophone an der Täsch, huet de Claude Weber dunn seng Studien zu Bréissel weidergeféiert. Am Alter vun nëmmen 21 Joer huet hien dann säin 1. Präis beim François Daneels gemach.

     Fir sech weider ze perfectionnéieren, huet hien bei diversen bekannten Saxophonisten wéi zum Beispill den Alain Crepin, Norbert Nozy an den Yvon Ducène un Masterclassen deelgeholl.

     Als Solist ass den Claude Weber mat diversen Orchesteren opgetrueden, wéi "Musique Royale des Guides de Bruxelles" an eis Militär Musék, fir der nemmen e puer ze nennen. Hien ass och Membre Fondateur vum "Quator de Saxophones du Luxembourg", deen hei zu Lëtzebuerg bekannt ass.

     Zënter 1972 ass den Claude Weber bei der Militär Musék ugestallt, a spillt vun do un als Solo Saxophon an désem Orchester.

     Seng Dirigentencarrière huet hien 1975 bei der Bétébuerger Harmonie ugefangen, wou hien bis 1991 den Takt uginn huet. Vun 1990 bis 1997 huet hien d'Greiveldénger Musék geleet, an ass schlussendlech Enn 1997 zur Bouneweger Musek komm, wou hien bis haut als Dirigent seng musekalësch Feinheeten ënner Beweis stellt.


D'Dirigenten vun der Bouneweger Musek
F.M.L.B. F.P.H.
Henri Weis
Nicolas Hansen
Nicolas Weyrich
Jos Kieffer
Auguste Tossberg xxx - 1936
Nicky Mandres 1936 - 1938
Roby Henx 1938 - 1946
René Hemmer 1947 - 1950
Jos Schmitt 1950 - 1956
Nicolas Henx 1956 - 1976
André Baus 1976 - 1978
Camille Kerger 1978 - 1986
Marco Battistella 1986 - 1988
Nico Eich 1989 - 1997
Claude Weber 1997 - xxxx
Nicolas Henx 1957 - 1959
Jean-Pierre Clement 1959 - 1962
Nicolas Henx 1962 - 1968
Claude Christnach 1968 - 1973
Nico Junck 1973 - 1975
André Baus 1975 - 1978
Camille Kerger 1978 - 1986
Ulric Berg 1986 - 1987
Marco Battistella 1987 - 1988
Nico Eich 1989 - 1997
Claude Weber 1997 - xxxx


Members v1.0
PHP-code by Pier Schroeder (2004)