top of page
MAACH MAT
JUGENDORCHESTER
FANFARE PRINCE HENRI
Dënschdegs vun 18h30 bis 19h45
Eise Jugendorchester Fanfare Prince Henri erméiglecht de Museksschüler méiglechst fréi d'Zesummespill mat aner jonke Musikanten ze erléiere bis datt sie hiert Instrument genug beherrsche fir an der "grousser Musek" kënne matzespillen. Mee souguer doriwwer eräus bleift d'Fanfare Prince Henri eng Plaz fir Musik zesummmen ze erliewen an d'Freed dorunner mat den do gewonnene Frënn ze deelen.
Occasionell Prouf-Weekender an enger Jugendherberg am Land oder Concerts-Reesen an d'Äusland erlaben nët nëmmen d'Verdéiwung am Instrument mee hannerloossen oft schéin Erënnerungen fir d'Liewen.
bottom of page