top of page
Romain-Kerschen

ROMAIN KERSCHEN

Dirigent

Dem Romain Kerschen säi musikalesche Wee fänkt am Conservatoire zu Esch un, geet spéiderhin am Conservatoire vun der Stat Lëtzebuerg weider, a schlussendlech schléisst hien seng Studien zu Bréissel um Conservatoire Royal de Musique of. Hien besicht verschidden Masterclass’en an Europa an den USA.
2011 an 2012 perfektionéiert hien seng Orchester-Direktioun beim hollänneschen Dirigent Jan Cober. Säit dem Summer 2018 erweidert hien säi musikalescht Wëssen an der Orchester- wéi och der Chouerdirektioun an enger intensiver Zesummenaarbecht mam international bekannten Dirigent Pierre Cao.
Professionell Erfarung als Dirigent sammelt de Romain Kerschen mat verschiddenen Kammerorchesteren, ënner anerem dem Latvian Philharmonic Chamber Orchestra vu Riga, wéi och dem Orchestre de Chambre du Luxembourg. Säit 2013 dirigéiert hien reegelméisseg verschidden Projeten mat Orchester, deelweis och mat Chouer.
An der Saison 2013/2014 gëtt hien dann Dirigent vun der Fanfare Prince Henri, dem Jugendorchester vun der Bouneweger Musek, wéi och der Fanfare Municipale Lëtzebuerg-Bouneweg. 2022 huele si um World Music Contest zu Kerkrade an Holland Deel, a schléissen de Concours mat enger Gold-Medail an der éischter Divisioun of. Donieft ass hien zanter 2012 Dirigent vun de Schëtter Jongbléiser an dirigéiert vun 2019 un den Orchester Sinfonisches Blasorchester Eifel-Ardennen an Däitschland.
2019 gewënnt de Romain Kerschen en Dirigenteconcours zu Amsterdam an schafft dono mam hollänneschen Nationalen Jugend Fanfare Orchester. 2021 kënnt nach en internationalen Dirigenteconcours fir Symphonieorchester an Italien dobäi. Aktuell schafft hien un der Grënnung vun engem eegenen Orchester, dem “Festival Orchestra Luxembourg”.

bottom of page