NICOOL
Nicool – een Numm deen een ob vill Art a Weisen interpretéieren kann. Wéi hat selwer oft seet wär hat haalt fir déi eng ni cool an fir di aner d’Nicool. Oder ass hat ni cool aka relax well hat ëmmer um Iwwerleeë, Schreiwen a Spillen ass?
Seng Motivatioun huet d’Nicool sécher ënner Beweis gestallt, sou huet hat säit dem 6. Juni 2019 mat sengem éischten Album „Den Ufank vum N“, em di 30 Concerts gespillt. Am Summer war hat present ob Festivals wei E-Lake, Kolla Festival an Last Summer Dance. Desweideren ass hat am Gaang d‘Bühnen vun Letzebuerg ofzechecken mat Passagen an der Kufa, Rockhal, Rotondes, Gudden Wëllen an divers opgebauten Bühnen uechtert d’Land wei z.b. zu Diddeleng, Péiteng, Déifferdeng. Säin DJ, de BTM tauscht hat och heiansdo mat Beatboxing aus a sou huet hat mam Giamba d’Fête de la Musique an der Stad, wéi och der Fedil hir New Year’s Reception, ofgerappt.
Am meeschten gefalen him awer ëmmer rëm d’Läbbelsessions wou hat zesummen mat Rapper, wei Skibi, Maka MC, Corbi a de Rescht vun der Läbbel Band rëm d’Leit verzauberen kann. Ouni di Ënnerstëtzung a Motivatioun vum Läbbel wär hat net dat Nicool wat hat haut ass.
Seng lescht Single „Stolz“ sprécht Fra a Mann un a schwätzt iwwert Gläichberechtegung. Nicool traitéiert dëst Thema mat Beispiller vu Fraen- sou wei och déi oft vergiessen Männerdiskrimination. Een Thema wou Lëtzebuerg interesséiert, sou ass d‘Nicool wärend Wochen am Chartbreaker vum Eldoradio gelaf an war natierlech och op all den aneren Radioen an de Rotatiounen ze héieren.
Wéi dat lo weider geet, dat steet nach an den Stären, mä sidd Iech sécher dat Dir d‘Nicool nach sou bal net lass gitt.
Dofir kommt mat an begleet d‘Nicool op senger wonnerprächteger Rees.