Auszeechnung fir d'Fanfare Municipale Luxembourg-Bonnevoie beim World Music Contest zu Kerkrade (NL)
- Patrick Zangerlé
- 23 hours ago
- 2 min read
De Samschdëg 18te Juli 2026 ass d’Fanfare Municipale Luxembourg-Bonnevoie beim prestigiéise World Music Contest (WMC) zu Kerkrade an der 1. Divisioun vun de Fanfaren ugetrueden, ënnert der Leedung vun hirem Dirigent Romain Kerschen.

Mat hirer erneiter Participatioun un dësem Concours, deen oft als Weltmeeschterschaft vun de Museken bezeechent gëtt, huet den Orchester e bewosste Schrëtt a senger musikalescher Entwécklung gemaach.
D'Bouneweger Musek huet e programmatesch usprochsvollen Optrëtt gebueden, mat dem Imposé "Apatheia" vum Kevin Houben an "The Lords of Masmine" vum Jan van der Roost. E besonneschen Héichpunkt vum Programm war d'Wierk "Stellarium", dat de Lëtzebuerger Komponist Georges Sadeler speziell fir d'Bouneweger Musek fir dëse Concours geschriwwen huet. D'Jury, bestehend aus dem Luud Goossens, Jan de Haan, Luc Vertommen a Frans-Aerth Burghgraef, huet d'Leeschtung vum Orchester mat 85,53 Punkten (16t Plaz) bewäert a mat enger Goldmedaille ausgezeechent.

De President vun der Bouneweger Musek, François Benoy, huet sech stolz iwwert den Optrëtt gewisen: „Ech sinn immens houfreg op eis 68 Musikantinnen a Musikanten. D’Aarbecht an d’Disziplin, déi si an de leschte Méint an dëse Projet gestach hunn, ass remarkabel.“.

Den Dirigent Romain Kerschen huet d’Leeschtung vu senge Leit op der Bühn erfirgestrach: „Vun der éischter bis zur leschter Sekonn war d'Konzentratioun ze spieren an de Wëllen vun all eenzelnen den eegene Maximum ze ginn – genee dat huet dësen Optrëtt esou speziell gemaach.“
D'Fanfare Municipale Luxembourg-Bonnevoie seet dem Kulturministère an der Stad Lëtzebuerg e grousse Merci fir hir finanziell Ënnerstëtzung, déi dës Participatioun méiglech gemaach huet. De Weekend zu Kerkrade huet sech nieft der musikalescher Leeschtung awer och als flott Erliefnis gewisen. „Merci wëlle mir och all deene Leit soen, déi eis op eisem Wee op Kerkrade ënnerstëtzt hunn an eis mat léiwe Wënsch gratuléiert hunn nom Concours“, esou de President.
Mat dësem Optrëtt geet d'Bouneweger Musek dann elo an d'Summerpaus. D'Musikanten kucken awer schonn no vir: Direkt no der Vakanz ginn d'Prouwe weider. Den 26. September steet "Fanfare Remix" an de Rotondes zu Bouneweg um Programm, wou de Fanfare-Sound op elektronesch Musek trëfft. Den 25. Oktober spillt d'Bouneweger Musek e Concert zu Uesweiler, fir de 100. Anniversaire vun der lokaler Musek ze feieren.




Comments