SOUVENIRS
125 Joër & Shichifukujin
Am Kader vun eisem 125. Jubiläum hu mir eisen éischte Concert vum Joër 2023 – eise Gala-Concert – d'Stéck Shichifukujin vum Romain Zanté uropgefouert. Niewt dem Solist Ulric Berg, deen iwwer déi 7 Deeler vum Wierk 7 verschidde Saxophone spillt, hu mir d'Gottheeten déi an den Deeler beschriwwe gin vun der Artistin Minela Kocan illustréieren a mole gelooss.
​
Mat dem Kaf vun esou engem Tableau ënnerstëtzt Dir souwuel d'Artistin wéi och eise Veräin.
Well awer bestëmmt méi Leit wéi ët Tableau'en gëtt wéilten e Souvenir vun dem extra Concert behalen oder nët jiddereen d'Plaz fir e groussen Tableau huet, proposéire mir Iech eng Rei méi kléng awer grad esou flott Souveniren déi op den digitalen Illustratiounen vun dem Minela baséieren.
Entdeckt eis Serie vun Wandaueren, Deko-Këssen, Mousepads, Handy-Coveren, Untersetzer oder eis 125-Joër Drénkfläsch, déi dir kënnt online bestellen a bequem Heem geliwwert kritt.